40 Joer Schengen

samedi 14 juin 2025 14:30-18:00, Place du Musée de Schengen, rue Robert Goebbels, 5444 Schengen
Organisateur(s):
  • Michel SANNA


40 Joer SCHENGEN

Léif Rotarier,

Mir freeën eis, Iech op en aussergewéinlecht Event, den 40. Anniversaire vum Schengener Ofkommes

anzelueden. Dëse Jubiläum markéiert e wichtege Meilesteen an der europäescher Geschicht a

verkierpert d’Ideal vun enger onbehënnerter Beweegungsfräiheet vun de Bierger tëscht den Staaten

déi ënnerschriwen hunn.

Firwat feiere mir 40 Joer Schengener Ofkommes?

D’Schengener Ofkommes gouf den 14. Juni 1985 ënnerschriwwen a gouf d’Basis fir d’Ofschafe vun de

Grenzkontrollen tëscht de Participantenlänner, fir d’fräi Beweegung vun den europäesche Bierger ze

erliichteren. Fënnef Joer méi spéit, am Joer 1990, huet d’Schengener Konventioun d’Modalitéiten zur

Ëmsetzung vun dësem historeschen Ofkommes festgeluecht. Haut, wou aktuell Erausfuerderungen dës

fundamental Prinzipie a Fro stellen, ass et entscheedend, d’Bedeitung vun dësem Engagement a

Gediechtnes ze ruffen an dës Wäerter ze verdeedegen.

An dësem Kontext wëllt de Rotary Schengen-Mondorf zesumme mat de Grenzclibbs aus Däitschland,

Frankräich an der Belsch dëst Jubiläum begoen an drop opmierksam maachen, wéi wichteg et ass,

d’Schengener Ofkommes nees voll an ganz unzewenden.

Mir lueden Iech häerzlech an:

• Wéini? Den 14. Juni 2025

• Wou? Place du Musée zu Schengen

• Um? Rendez-vous um 14:30 Auer

Programm:

• Begréissungsried vum President vum Rotary Schengen-Mondorf

• Geféiert Visitt:

o vum neien Europäesche Musée zu Schengen (6, rue Robert Goebbels)

o vum Schëff Marie-Astrid, wou d’Ofkommes ënnerschriwwe gouf

o vum der Place de l’Étoile

• Éierewäin a geselleg Zesummekommen

Dresscode:

Mir bieden Iech, en wäisst Hiem oder eng wäiss Blus unzedoen. All Rotary-Logoen si wëllkomm.

Umeldung:

D’Umeldung leeft iwwer Polaris fir déi lëtzebuergesch Clibbs oder per E-Mail un

michel.sanna@outlook.com, mat der Unzuel vun de Participanten aus dem Club.

Loosst eis zesumme dësen historesche Fortschrëtt vun der europäescher Geschicht feieren an eisen

Engagement fir en vereent a grenzelos Europa bestätegen.

Mir freeën eis drop, Iech zahlräich ze begréissen!

D’Equipe vum Rotary Schengen-Mondorf

RCSM-40 ans Schengen-1

RCSM-40 ans Schengen-2

RCSM-40 ans Schengen-3

RCSM-40 ans Schengen-4

RCSM-40 ans Schengen-5


Inscriptions

La date limite d'inscription est dépassée